Meine rosa-rote Brille. Stereotypen versus Diversitéit an Representativitéit an der Kannerliteratur a Kannerliteraturvermëttlung


Description

Inhalter

Wéi entdecke Kanner Bicher par Rapport zu Erwuessener? Liesen oder lauschteren si fir d'éischt, oder kucken si fir d'éischt Biller? Wat zitt hir Opmierksamkeet un?  Zesumme léiere mir méi iwwert de Rezeptiounsprozess vu Bicher bei Kanner. A wéi enge Beräicher vum Contenu vu Bicher besteet e Risiko vu Stereotyppen? A firwat si Stereotyppen e Risiko? Ass et nach ubruecht de Kanner Bicher ze gi wou just eng Mam an der Kichen ze gesinn ass? Kann ech nach Bicher iwwer "afrikanesch" Kanner liesen? Bicher mat engem Kand am Rollstull sinn dach inklusiv, oder?

Eis Gesellschaft hei zu Lëtzebuerg ass esou heterogen ewéi nach ni. Esou vill verschidde Kulture liewen zesummen. D'Kanner feiere verschidde Fester, schwätze verschidde Sproochen, hunn ënnerschiddlech Familljekonstellatiounen Doheem asw. Eis transculturel an inklusiv Gesellschaft rifft no diversen a representative Kannerbicher. Op wat muss ech awer oppasse wann ech Kannerbicher eraussichen? Wat sinn d'Krittäre vun engem gudde Kannerbuch, wéi eng Stereotyppe sollt ee vermeiden? Fir all de Kanner di bescht méiglechst Bicher ze bidde fir hir schoulesch Kompetenzen, hir perséinlech Entwécklung an Integratioun an d'Gesellschaft ze fërderen, muss ech mir bewosst sinn iwwert meng eegen "rosa-rote Brille" an dee vun der Gesellschaft.

Zieler

  • D'Erzéier*innen léieren d'Ënnerscheeder am Rezeptiounsprozess vu Kannerbicher bei de Kanner a bei den Erwuessene kennen
  • D'Erzéier*innen  appreciéieren d'Wichtegkeet vum Allgemengwësse beim Liesen a beim Bicher kucken an entdecken den Impakt vun der Kultur an dem sozialen Ëmfeld am Allgemengwëssen
  • D'Erzéier*innen léieren d'Risike vun enger stereotypescher Duerstellung vun Personnagen an der Kannerliteratur kennen
  • D'Erzéier*innen entdecken d'Wichtegkeet vun enger diverser a representativer Offer vu Kannerbicher fir d'Selbstwertgefill, d'Identitéitsentwécklung, d'Integratioun an d'Liesmotivatioun vun de Kanner

Methoden

  • Kuerzen theoreteschen Input
  • Praktesch Impulser
  • Gruppenaarbecht
  • Austausch

Zielgrupp

Personnel encadrant

Themebereich

Développement de l'enfant et du jeune

Spezifikatioun

Inclusion

Iwwert den Dozent/d'Dozentin

Charlotte Reuter


Sessions and planning

  • 26/11/2025
  • Charlotte Reuter
  • Early Childhood 0-4
  • School Child 4-12
  • Luxembourgeois / Lëtzebuergesch
  • IA-753-2025