Liesen an der Fräizäit? De Wäert vun enger Bibliothéik an enger Struktur


Description

Inhalter

Firwat eng Bibliothéik an enger Struktur hunn? Wéi eng Zorte Bicher sollen do ugebuede ginn? A wéi enge Sprooche sollen d'Bicher sinn? Wéi oft sollen d'Kanner d'Bibliothéik benotze kënnen a  wéi soll déi Bibliothéik ageriicht ginn? A wat maachen, wa kee ganze Raum zur Verfügung steet fir vill Bicherregaler? Wéi eng Aktivitéiten, ausser d'Kanner fräi liese loossen, kann een iwwerhaapt an der Bibliothéik maachen?

Zesummen an dëser Formatioun erfuersche mir ewéi eng Roll besonnesch eng Crèche oder eng Maison Relais ka spillen fir de Spaass um Liesen an de Geschichten ze fërderen. Am Géigesaz zur formaler Educatioun, geet et an der Fräizäit virun allem drëms d'Motivatioun fir Bicher unzekuerbelen, well just wann ee vill liest, erreecht een och di néideg Liesflëssegkeet, déi an der Schoul gebraucht gëtt. An all ze oft hunn negativ Erfarungen an der Schoul e groussen Impakt op d'Liesmotivatioun vun de Kanner. Fräi vun de Contrainten déi et an der Schoulbibliothéik ginn, huet eng Crèche oder eng Maison Relais e ganz groussen Avantage, deen opbedingt sollt agesat ginn fir d'Freed um Liesen héich ze halen: d'Sproochevillfalt!

Zieler

  • D'Erzéier*innen entdecken déi Haaptfacteuren déi d'Liesmotivatioun impaktéieren
  • D'Erzéier*innen entdecken d'Roll vun der non-formaler Edukatioun an der Lies-a Literaturpromotioun a vermëttlung
  • D'Erzéier*innen entwéckelen Iddien wéi d'Gestaltung vun enger Bibliothéik an hirer Struktur kéint ausgesinn
  • D'Erzéier*innen entwéckelen Iddien wéi d'Bibliothéik kéint genotzt ginn

Methoden

  • Kuerzen theoreteschen Input
  • Praktesch Impulser
  • Gruppenaarbecht
  • Austausch

Zielgrupp

Personnel dirigeant + personnel encadrant

Themebereich

Langue, communication et médias

Spezifikatioun

Non-spécifique

Iwwert den Dozent/d’Dozentin

Charlotte Reuter


Sessions and planning

  • 28/03/2025
  • Charlotte Reuter
  • Fréi Kandheet 0-4
  • Schoulkand 4-12
  • Luxembourgeois / Lëtzebuergesch
  • IA-749-2025