Dramreesen a verdreemten Héierspiller. Analog Bicher duerch digital Medien entdecken


Description

Inhalter

Grouss Kanner, deene Bicher ganz friem sinn, kann ee spilleresch motivéiere fir sech drun ze trauen an deem een digital Medien asetzt als "Ice-breaker".

Wéi wier et z.B. mam Thema "Reesen". Jidderee vun eis huet eng Draamdestinatioun a net jidderee kritt d'Geleeënheet fir säi Wonsch ze realiséieren. Do komme Saachbicher iwwert verschidde Länner a Stied wéi geruff. Zesumme mat engem Greenscreen, engem Handy, an enger passender App, kann d'Kand sengem Wonsch vum engem Selfie bei der Statue of Liberty zu New York e wéineg méi nokommen. Esou ginn Mediekompetenze vermëttelt an eng Liesmotivatioun zur gläicher Zäit ugebueden.

Eng aner Méiglechkeet ass et fir een Héierspill ze vertounen. Ob Basis vun enger Geschicht déi de Kanner bekannt ass, schreiwe mir den narrativen Text ëm, datt en esouvill ewéi méiglech Dialog enthält an ganz vill Geräischer.  A wa mir och nach gutt kreativ drop sinn, kënne mir eis Iddie mat an d'Geschicht abauen, d.h. z.B. wéi wier et wann d'Routkäppchen deen Dag keng Loscht hätt fir an de Bësch ze goen?  Wann d'Héierspill geschriwwen ass, siche mir an enger zweeter Etapp no Material fir Kaméidi hierzestellen (Dëppen, Pabeier, Schung, dréche Blieder, eng Strenz etc.). Wann mir alles zesummen hunn, geet et mat enger Prouf lass an da gëtt dat Ganzt mam Handy opgeholl.  Uschléissend kann een de Kanner nach aner Héierspiller a Bicher mat anere Versioune vun der Geschicht ubidden fir dran ze stöberen.

Zieler

  • D'Erzéier*innen léiere wéi ee verschidden digital Medie kann asetze fir den Intressi an d'Motivatioun um Buch bei de Kanner z'encouragéieren
  • D'Erzéier*innen  léiere spezifesch den Ëmgang mam Green-screen mat der Realisatioun vun enger Dramrees Foto.
  • D'Erzéier*innen  léiere mat de Kanner eng Geschicht als Héierspill ze vertounen.

Methoden

  • Kuerzen theoreteschen Input
  • Praktesch Impulser
  • Gruppenaarbecht
  • Austausch

Zielgrupp

Personnel encadrant 

Themebereich

Langue, communication et médias

Spezifikatioun

Non-spécifique

Iwwert den Dozent/d’Dozentin

Charlotte Reuter


Sessions and planning

  • 04.04.2025
  • Charlotte Reuter
  • Schulkind 4-12
  • Luxembourgeois / Lëtzebuergesch
  • IA-750-2025