⚠️ Attention : Merci de vous rendre dorénavant sur plattform.public.lu pour inscrire vos collaborateurs ENF et AEF aux formations.

Zwischen Aufklärung und Realität: Fachrunde zum Thema Pornografie


Sessions

En cas de session complète, vous pouvez vous inscrire en liste d'attente ci dessous.

Description

Contenu

Dir wëllt gäre wësse, wéi Dir am Unterrecht mam Tabuthema "Pornografie" ëmgoe kënnt? Wéi Dir réageiere sollt wann Schüler*innen domat a Kontakt kommen oder Froen dozou stellen? Wéi eng Roll a Verantwortung Dir als Léierpersonal hutt, wann esou Inhalter an Chatgruppe vun der Klass kurséieren? Oder wéi Dir mat Schüler*innen iwwer selxuell representéiert Inhalter schwätze kënnt-informéiert, sensibel a pedagogesch fundéiert?

Am Schoulalldag komme mir ëmmer erëm a Situatiounen wou mir eis froen: Wéi soll ech elo réageieren? Wéi kann ech dat Thema professionell a kompetent behandelen?

D'Onsécherheet kënnt heiansdo einfach dohier, datt et net kloer ass, wou een Hëllef oder konkret Handhabung fënnt. 

BEE SECURE organiséiert dofir mat dëser Fachronn en Event, deen Iech d'Méiglechkeet gëtt, Är Froen, Umierkungen, a Bedenken am Zesummenhang mat Pornografie, Jugendmedienschutz, Medienopklärung, Dateschutz a Recht un ausgewielte Spezialistinnen ze stellen.

Mat dobäi sinn: BEE SECURE Helpline, de Planning Familial, de CESAS an den ZEV déi Iech op Är Froe kompetent äntweren.

D'Zil vun dësem Event ass et och, op Basis vun Ären Erfahrungen a Froen, praktesch orientéiert Richtlinnen auszeschaffen, déi dem konkrete Besoin vun de Leit um Terrain gerecht ginn.

Mellt Iech dofir w.e.g séier op eis Fachronn un.

D'Expertinnen frëen sech op Är Participatioun!

Information complémentaire

Das Event orientiert sich an den Bedürfnissen und Interessen der Teilnehmenden, deshalb sendet uns bitte fünf Tage im Vorfeld drei oder mehrere Fragen zu, die dann auch behandelt werden können. Dies erleichtert die gezielte Vorbereitung, selbstverständlech können zusätzlich auch spontane Fragen gestellt werden

  • 05/05/2026 +1 date disponible
  • BEE SECURE
  • BEE SECURE
  • Schoulkand 4-12
  • Luxembourgeois / Lëtzebuergesch
  • IA-1419 -2026