Lost in translation. Multilingual Bicher: Qualitéitskrittären a Gebrauch


Description

Inhalter

Am Kader vum Plurilinguismus an der petit enfance, awer och nach duerno ass, et wichteg fir Geschichten a senger Häerzensprooch ze héieren an ze liesen. Wat e Kand seng Häerzensprooch an den éischten dräi Joer besser beherrscht, wat d'Chance fir den akademesche Succès méi an d'Luucht ginn. A wie vill liest, liest méi schnell a versteet och méi. Dës Lieskompetenz ass och fundamental fir an der Schoul mat virun ze kommen. Dofir, firwat net weider a senger Häerzensprooch Geschichte liesen a lauschteren?  Dat kënnt och deenen anere Sproochen ze gutt.

Mee wou kommen ech u Bicher, déi net an den übleche Schoulsprooche geschriwwe sinn? A wou fannen ech Bicher déi d'Original an eng Iwwersetzung am selwechte Buch ubidden? Op wat muss ech oppasse wann ech bi-oder multilingual Bicher kafen? Kann ech d'Eltere froe fir mir ee Buch z'iwwersetzen, wann ech näischt um Bichermaart an enger bestëmmter Sprooch fannen?

Wéi kann ech e bi-oder multilingualt Buch virliesen? Ginn et do verschidde Methoden? Op wat muss ech oppassen?

Zieler

  • Erzéier*innen léiere Qualitéitskrittäre vun engem guddem bi-oder multilingualem Buch kennen
  • D'Erzéier*innen  entdecke verschidde Verläg vu bi-a multilinguale Bicher
  • D'Erzéier*innen  entdecke verschidde Methode fir mat bi-a multilinguale Bicher ze schaffen

Methoden

  • Kuerzen theoreteschen Input
  • Praktesch Impulser
  • Gruppenaarbecht
  • Austausch

Zielgrupp

 Personnel encadrant

Themebereich

Langue, communication et médias 

Spezifikatioun

Education plurilingue 

Iwwert den Dozent/d’Dozentin

Charlotte Reuter


Sessions and planning

  • 20/10/2025
  • Charlotte Reuter
  • Petite Enfance 0-4 ans
  • Enfants Scolarisés 4-12 ans
  • Luxembourgeois / Lëtzebuergesch
  • IA-751-2025